Stëmm vun der StroossZefridde Gesiichter op der Fouer, bei deenen, déi näischt hunn

RTL Lëtzebuerg
Fir deene Leit entgéintzekommen, deenen et net esou gutt geet, hat d'Stëmm vun der Strooss fir déi 26. Kéier eng Visitt op d'Schueberfouer organiséiert.
Stëmm vun der Strooss op der Fouer
Fir deene Leit entgéintzekommen, deenen et net esou gutt geet, hat d‘Stëmm vun der Strooss fir di 26. Kéier eng Visitt op d‘Schueberfouer organiséiert

No de Spiller gouf zesummen eppes giess. Dankbar Gesiichter. Nei Leit kenneléieren oder mat Kolleegen e flotten Dag verbréngen. D’Problemer ronderëm sech vergiessen, méi wéi e Fest fir déi iwwert honnert Leit.

„Mir sinn immens frou, all zesummen hei ze sinn, Kolleegen ze gesinn. Dass mir e flotten Dag zesumme verbrénge kënnen.“Zanter 1996 erméiglecht d’Stëmm vun der Strooss en Ausfluch op d’Schueberfouer, ëmmer e speziellen Dag fir déi Mënschen, deenen et net esou gutt geet.

“Ech fannen dat gutt, wat d’Stëmm mécht, fir déi Leit, déi näischt hunn. Et si Leit, déi op der Strooss sinn, oder Leit, déi eng Wunneng hunn, awer sech soss näischt kënne leeschten. Et ass alles deier ginn.“

No de Spiller gouf sech bei engem Patt a Lëtzebuerger Kascht gestäerkt.

De Jérôme Bigard, Forain, deen d’Iessen offréiert: „Dass eng Freed, fir dat ze maachen. Et mécht ee vill Saachen am Liewen an heiansdo gëtt net un déi Leit geduecht, deenen et net sou gutt geet, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn oder op der Strooss liewen. Esou kann een e bësse solidaresch sinn an hinnen och eng kleng Freed maachen.“

D’Hëtzt net nëmmen um Mëttwoch op der Fouer, mee iwwerhaapt aus de leschte Wochen, ass och e Problem fir déi Mënschen, déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. D’Stëmm vun der Strooss mécht dat Bescht fir ze hëllefen.

D’Alexandra Oxacelay, Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss: „Mir verdeele Waasser, awer soss kënne mir net vill maachen. Mir soen hinnen, passt op, drénkt keen Alkohol dobaussen, consomméiert net dobaussen, denkt drun, dass dir reegelméisseg drénkt. Sou wéi déi normal Populatioun och. Passt een op deen aneren op.“

No 2 Joer Fouer-Paus waren d’Clientë vun der Stëmm vun der Strooss einfach nëmmen dankbar fir dëst Erliefnis.

Schreiwes

Communiqué de presse : Sortie traditionnelle à la Schueberfouer pour la Stëmm vun der Strooss

Le mercredi 25 août, la « Stëmm vun der Strooss » a invité comme chaque année ses bénéficiaires à découvrir les divers plaisirs de la Schueberfouer. Cette excursion est toujours attendue avec beaucoup d’impatience et il était donc logique que la liste d’inscription soit remplie en quelques jours seulement.

Accompagnées des éducateurs, des bénévoles de la Stëmm, de la directrice Alexandra Oxacelay et du responsable du site de la Stëmm à Esch-sur-Alzette et du futur site à Ettelbruck, Francesco Settanni, 100 personnes sont arrivées au Glacis vers 13 heures. Direction les différentes attractions pour les clients de l’asbl, qui était en mesure d’offrir les tours de manèges grâce aux dons récoltés tout au long de l’année

Après s’être amusé sous des températures très chaudes, il était temps de reprendre des forces à 15 heures chez Jérôme Bigard, propriétaire du restaurant Kessel. L’association a eu la chance d’être invitée pour la huitième fois consécutive déjà. Les participants de l’excursion y ont eu droit à déguster un délicieux repas de midi. Au menu, Wäinzoossiss accompagné de purée de pommes de terre et de salade. Le repas s’est déroulé dans une ambiance chaleureuse et détenue.
Comme chaque année, cette sortie a permis d’offrir un moment privilégié à des personnes dans le besoin et ils ont pu oublier pour un instant les problèmes du quotidien. « Cette excursion était un vrai plaisir pour nos bénéficiaires, ils ont pu passer une journée exceptionnelle », raconte Francesco Settanni. La Stëmm vun der Strooss tient à remercier Jérôme Bigard et toute son équipe pour cette belle invitation et pour leur gentillesse

Back to Top
CIM LOGO