Invité vun der Redaktioun (15. Mäerz) - Nico HoffmannZefridden, dass et en eegestännege Konsumenteschutzministère gëtt

Pit Everling
E Freideg de Moie war den Nico Hoffmann, President vun der ULC, den Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Nico Hoffmann
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'ULC ass zefridden, datt et elo e wierklech eegestännege Konsumenteschutzministère gëtt. Et wieren éischt Gespréicher mat der neier Ministesch ginn an et wier ee gudder Déng, datt et eng gutt Zesummenaarbecht mat der Paulette Lenert wäert ginn. Dat seet de President vum Konsumenteschutz, Nico Hoffmann. Hie war e Freideg um Weltdag vun der Consommatioun den Invité vun der Redaktioun.

E grousst Uleies fir d'ULC si jo d'Sammelkloen, scho laang ginn dës gefuerdert. Bis am Summer soll et en éischte Projet ginn, hätt de Konsumenteschutz matgedeelt kritt.

D'ULC huet et jo den Ament zimlech op d'Banke sëtzen, ënner anerem wéinst Fraisen déi am Guichet berechent ginn.
Och d'Präiserhéijung fir déi technesch Kontroll bei der SNCT stéisst dem Nico Hoffmann sauer erop an do och d'Roll vum zoustännege Minister François Bausch.

Den Nico Hoffmann

D'Unioun vun de Consommateuren huet - wann d'Famillje gekuckt ginn - 44'000 Memberen.
Zejoert goufe méi ewéi 5000 nei Dossieren opgemaach. A méi wéi der Halschent vun de Fäll geet et ëm d'Beräicher Constructioun a Logement.

E Freideg de Moie war den Nico Hoffmann, President vun der ULC, den Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO