ZeienopruffZeie gesicht vun Accident op der Stäreplaz

RTL Lëtzebuerg
No engem Accident vun e Méindegnomëtteg ass d'Police op der Sich no Leit, déi Detailer iwwert de Verlaf kënnen nennen.
© RTL Grafik

E Méindeg, de 15. Juni, war et géint 14:30 Auer an der Stad zu engem Accident komm, wéi um Boulevard de la Foire op der Héicht vun der Stäreplaz e Camion en Auto beschiedegt hat. Éischten Informatiounen no war den Auto op der rietser Fuerbunn a Richtung Areler Strooss ënnerwee, wéi de Camion, dee lénks dovun op der Fuerbunn a Richtung Escher Strooss stoung, beim Fortfueren de Spigel vum Auto beschiedegt huet.

De Chauffer vum Camion hat sech net ëm de Schued gekëmmert a war weidergefuer. Dowéinst ass d'Police op der Sich no Zeien, déi Informatiounen iwwert dësen Tëschefall kéinten hunn. Si solle sech melle beim Policebüro Capellen um Telefon (+352) 244 30 1000 oder per E-Mail op Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO