Mann zu Fouss op Autobunn ënnerweeZeie vun déidlechem Accident op der A1 gesicht

RTL Lëtzebuerg
Nom déidlechen Accident e Mëttwoch de 5. November op der A1 a Richtung Stad sicht d'Police Zeien.
© Mobile Reporter

E Mëttwoch de 5. November war e 27 Joer ale Mann zu Fouss op der A1 ënnerwee, wéi hie géint 18 Auer vun engem Auto ugestouss gouf. De Mann war nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.

An deem Kontext sicht d’Police Zeien, déi méiglecherweis eppes dozou soe kënnen, wéi et zum Accident koum. All Informatioune si fir d’Verkéierspolice per Mail un upr.sia@police.etat.lu.

RTL-News (6.11.25): Ëmstänn onkloer: 27 Joer ale Mann op der A1 vun Auto ugestouss an déidlech blesséiert

Back to Top
CIM LOGO