Steen an d'Fënster geflunnZeienopruff no Accident mat Bus op der N28 tëscht Sandweiler an Éiter

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie géint 8.10 Auer koum et op der Streck tëscht dem Rond-point Sandweiler an dem Prisong Schraasseg zu engem Virfall mat engem Bus.
© Domingos Oliveira / RTL

Vun engem Camion war e Steen erof geflunn, deen an der Fënster vum Bus gelant ass, deen op de riichter Streck grad entgéint koum. De Steen ass just op der Héicht vum Buschauffer an d’Fënster geknuppt, dëse gouf dann och liicht verwonnt.

D’Police sicht nach Hiweiser zum Camion, vun deem de Steen gefall ass.
De Camionschauffer, souwéi aner Zeie solle sech beim Kommissariat Réimech/Munneref um Nummer 244 77 1000 oder per E-Mail op police.remichmondorf@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO