
Kuerz no der Opfaart Ettelbréck, respektiv kuerz nom Radar, hate sech géint 15.50 Auer e Camion an en Auto ze pake kritt. An deem Kontext sicht d’Police nach no Zeien, déi gesinn hunn, wat genee geschitt ass. All Informatioun ass fir de Policebüro vun Dikrech/Veianen per Telefon (+352) 244 80 1000 oder per E-Mail u police.diekirchvianden@police.etat.lu.
Portmonni zu Mamer geklaut
E Mëttwoch am Nomëtteg koum et zu engem Virfall an enger Wunneng an der Rue de la Libération zu Mamer. En Onbekannten hat sech en Zougang verschaaft, andeems hie gefrot hat, fir kënnen d’Toilette ze benotzen. Wéi de Mann nees fort war, huet d’Affer gemierkt, dass de Portmonni fort wier. D’Police huet nach nom Täter gesicht, ouni Succès an Ermëttlunge goufe lancéiert.
Permise wéinst Alkohol agezunn
Géint 16.15 Auer koum et um Boulevard Pierre Werner am Neiduerf zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen. Eng Fra an engem vun de Wee gouf verwonnt a koum an d’Spidol. Den Alkoholtest vun der zweeter Automobilistin war iwwerdeems positiv a si krut e provisorescht Fuerverbuet an e Protokoll.
Méi spéit e Mëttwoch den Owend krut d’Police en Auto um CR165 zu Keel gemellt, deen am Zickzack gesteiert gouf. De Chauffer gouf kuerz drop gestoppt an den Alkoholtest war positiv. Och hei gouf et e provisorescht Fuerverbuet.
Géint 00.30 Auer du gouf nach en offensichtlech alkoholiséierten Automobilist op der Héicht vun der Place Benelux zu Esch gemellt, deen en anert Gefier ze pake krut, wéi en hannerzeg gefuer ass, dono awer wollt weiderfueren. Eng Policepatrull huet hien nach op der Plaz vum Accident ugetraff an hie krut de Permis ewechgeholl.