
D’Police sicht no engem Accident tëscht engem Moto an engem Auto op der Streck tëscht Simmer an Habscht no Zeien. En Dënschdegmoie war géint 6 Auer moies ee Motocyclist vu Simmer op Habscht ënnerwee, wéi him no enger laanggezunner Lénkskéier ee Gefier op senger Spuer entgéint koum. Dowéinst ass de Motorradschauffeur an de Summerwee geroden a gefall. De Chauffeur vum Auto ass awer net stoe bliwwen, mee einfach weider a Richtung Simmer gefuer. De blesséierte Motocyclist gouf fir eng kuerz Behandlung an d’Spidol bruecht.
Wien Informatiounen zu deem Tëschefall liwwere kann, soll sech bei der Police vu Capellen - Stengefort ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 30 1000 oder per Mail u Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu mellen.
Géint 9.45 Auer ass d’Streck nees fir den Trafic op gemaach ginn.
E weideren Accident gouf et op der N1 tëscht Gréiwemaacher a Mäertert. Och heira waren en Auto an e Moto implizéiert. Eng Persoun gouf verwonnt.