
De Cyclist soll sech an der Route de Mondorf net un d'Verkéiersreegele gehalen hunn a gouf vun engem Automobilist dorop higewisen. Wéi d'Police schreift, wiere béid Persounen duerno an der Strooss stoe bliwwen. Nodeems de Chauffer aus sengem Won erausgeklomme wier, soll hie vum Cyclist gestouss an an d'Gesiicht geschloe gi sinn. De Cyclist wier duerno a Richtung Helleng fortgefuer.
Beschreiwung vum Cyclist:
De Mann hat ee Stoppelbaart an ass kräfteg gebaut. Hie ass ongeféier 1,85 Meter grouss an huet Lëtzebuergesch geschwat. Hien hat eng wäiss Vëlostenue mat engem onbekannte rouden Emblème.
All Persoun, déi eppes gesinn huet oder Infoen zum Cyclist huet, soll sech bei der Police um Réiserbann mellen um (+352) 244 611000 oder per E-Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.