StatecZejoert gouf zu Lëtzebuerg manner Bio konsuméiert

RTL Lëtzebuerg
De Statec huet d'Depensë vun de Stéit ënner d'Lupp geholl a gerechent, datt den Undeel u Bio-Liewesmëttel a Gedrénks ëm 8% erof gaangen ass.

Déi Jore virdru waren et nach zolidd Haussë ginn. Dat äntwert den LSAP-Landwirtschaftsminister Claude Haagen dem DP-Deputéierten André Bauler op eng parlamentaresch Fro.

Dës Evolutioun kéint eng Konsequenz vun der Inflatioun sinn, ma déi Tendenz misst sech awer nach confirméieren déi nächst Joren.

Back to Top
CIM LOGO