
De 25. Februar 1979 gëtt de Fonds du Logement duerch e Gesetz en place gesat. Zanterhier sinn duerch de Fong 4.052 Logementer op de Lëtzebuerger Marché komm. 2017 sinn 133 Logementer fäerdeggestallt ginn, zejoert waren et der 135. All Joer géif et eng Steigerung vun der Zuel ginn. RTL huet mat der Presidentin vum Fonds du Logement, der Diane Dupont op eng laang Geschicht zeréckgekuckt an och ee klengen Ausbléck gemaach.
D’Missioune vum Fonds du Logement, deen de Moment säi Sëtz um Boulevard Marcel Cahen an der Stad huet, hu sech iwwert d’Jore geännert. 1979 war de Fong an der Haaptsaach geduecht, fir Terrainen ze kafen an do Logementer fir ze verlounen, mä och fir ze kafen, drop ze bauen. Am Laf vun de Jore koumen awer ëmmer méi Missiounen dobäi. D’Joer 2002 ass do zum Beispill ee Stéchdatum gewiescht. D’Presidentin vum Fonds du Logement Diane Dupont präziséiert, dass de Fong deemools och d'Missioun vum Développement urbain dobäi kritt huet. 2017 ass dunn e neit Gesetz a Kraaft getrueden an dat aalt Gesetz ofgeléist huet. Hei ass festgehale ginn, dass de Fong virun allem Locatiounswunnenge soll bauen an och Wunnenge fir d'Vente, dat am Kader vun der Enfitéose.

Well de Fong awer och Proprietär vu bal 2.000 Wunnengen ass, ass an deem Gesetz d’Gestioun vun deene virgesinn. D’SNHBM, d’Société Nationale des Habitations à Bon Marché, gesäit d’Diane Dupont als komplementar zum Fong un, well déi a priori fir de Verkaf baut. D'Fong geet allerdéngs ëmmer méi a Richtung 70% Locatiounswunnengen an 30% Vente.
De Fonds du Logement, bei deem 130 Leit schaffen, huet wëlles op laang Siicht, dat heescht op déi nächst 20 bis 25 Joer gekuckt, ronn 3.800 weider Logementer op de Marché ze bréngen. Grouss Projete sinn de Moment jo schonn an der Preparatioun. Hei wieren "Wunne mat der Wooltz", Projeten zu Diddeleng, Mamer, an der Stad oder zu Iechternach ze nennen.
De Moment ass de Fonds du Logement jo op der Sich no engem neien Direkter, dee gëtt iwwert eng Firma fir de Fong gesicht. Do gëtt dës Woch d’Prozedur lancéiert.