Parlamentaresch UfroenZënter Enn Oktober kruten d'Ministèrë 533 mol Post vum Krautmaart

Pit Everling
Wéi gëtt en Deputéierten eppes vun engem Minister gewuer? De klassesche Moyen heescht: „Question parlementaire“.

An der aktueller Sessioun sinn déi 60 Parlamentarier besonnesch äifreg. Zënter Enn Oktober kruten d'Ministèrë scho ganzer 533 mol Post vum Krautmaart.

Vill Question-parlementairen: Rep. Pit Everling

533 QPen, wéi se genannt ginn, dat sinn der am Verglach effektiv eng jett. Et sinn der 200 weider wéi bannent den éischte 5 Méint an der leschter Sessioun, seet de Chamberpresident Fernand Etgen.

Wa mer duerch d'Statistike bliederen, gesi mer, datt a ville Sessiounen am Ganze net sou vill parlamentaresch Froe gestallt goufe wéi an der aktueller, woubäi d'Chamber jo eigentlech réischt no de Koalitiounsverhandlungen Ufank Dezember au complet war a richteg ufänke konnt mat schaffen.

Vu Rekorder wëll de Chef vum Parlament trotzdeem lo mol net schwätzen

Besonnesch vill waren et der an der Sessioun 2015-2016, nämlech 969.

De Fernand Etgen fënnt den aktuellen Héichbetrib dann och net negativ Parlamentaresch Ufroe sinn e Recht, wat all Deputéierten huet an e Mëttel fir d'Regierung ze kontrolléieren.

Eisen Informatiounen no gi verschidde Ministeren awer carrement mat parlamentaresche Froen iwwerschwemmt a plazeweis dierft et net einfach sinn, d'Quantitéite geréiert ze kréien.

Déi Kéier sëtzt jo och eng Partei méi um Krautmaart: D'Piraten.

Ee Champion vun de QPen ass och de Piraten-Deputéierte Sven Clement, hien huet 60 Froe gestallt. D'Plaz 2 Um Podium geet un den ADR-Parlamentarier Fernand Kartheiser mat 55 Questions parlementaires.

Wäit vir an der Echappée fueren och mat: Martine Hansen, Mars di Bartolomeo, Marc Goergen, Laurent Mosar, André Bauler a Jeff Engelen.

Dacks stellt en Deputéierte seng Fro zesumme mat engem aneren, dacks ass dës Fro och u méi Ministèren adresséiert. Besonnesch vill Froen landen iwwerdeems um Pult vum Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch. Et waren der méi ewéi 80.

Back to Top
CIM LOGO