Keng DiskriminatiounZivil Zeremonien nieft reliéise Feieren

RTL Lëtzebuerg
Wa Gemengen zivil Zeremonie wéi Hochzäiten oder Begriefnesser organiséieren, wäerte si vum Staat ënnerstëtzt ginn.

Duerfir sollen och déi entspriechend Gesetzer moderniséiert ginn. Dee Saz aus dem Koalitiounsaccord huet d'Inneministesch Taina Bofferding och bei der Generalversammlung vun der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker (Aha) widderholl.

De Gemenge soll méi Flexibilitéit bei der Organisatioun vun zivillen Zeremonien zougestane ginn.

Wëll dës zivil Zeremonien och ëmmer virun de reliéise Feiere sinn an eng aner Finalitéit hunn, gesinn déi 2 concernéiert Ministere kee Lien tëscht deenen Zeremonien an also och keng Diskriminatioun vun de Kierche par rapport zum Support, deen d'Gemenge vum Staat kréien.

Genee dat haten d'CSV-Deputéiert Diane Adehm a Gilles Roth an enger parlamentarescher Fro un d'Ministere Bofferding a Bettel hannerfrot.

D'Inneministesch präziséiert och, datt d'konventionéiert Kierche via de Staatsbudget ewell géife finanzéiert ginn, zum Beispill a Fäll wou Leit eng spirituell Stäip brauchen an dës froen.

Back to Top
CIM LOGO