Besser Prise en charge zu DräibuerZoustänneg Autoritéite kréie méi Zäit, fir Aktiounsplang auszeschaffen

RTL Lëtzebuerg
D'Struktur zu Dräibuer stoung jo wéinst Kapazitéitsproblemer an hirem deels onklore Konzept an der Kritik.
© RTL-Archiv

D’Mediateure Claudia Monti an den Ombudsman fir d’Rechter vum Kand Charel Schmit accordéieren den zoustännegen Autoritéiten nach e bësschen Zäit, fir en Aktiounsplang auszeschaffen, deen d’Prise en charge am Centre socio-éducatif an der Unité de sécurité fir Mannerjäreger zu Dräibuer verbessert. Béid Instanze waren zejoert op gemeinsamer Observatiounsmissioun zu Dräibuer, nodeems d’Struktur wéinst Kapazitéitsproblemer an hirem deels onklore Konzept an der Kritik stoung. Uganks dës Joers war et donieft zu enger Rebellioun zu Dräibuer komm. Mataarbechter a Poliziste goufen dobäi blesséiert.

Ombudsman an Okaju haten e Mëttwoch en éischten Austausch driwwer, wéi een déi aktuell Problemer léise kéint. Déi zwou Instanzen accordéieren den Autoritéiten, virop dem Educatiounsministère an dem Justizministère, elo nach e bësschen Zäit, fir d’Situatioun am Detail z’analyséieren a fir d’Recommandatiounen ëmzesetzen.

De Rapport, deen d’Claudia Monti an de Charel Schmit gemaach hunn, wëlle si awer spéitstens bis Ufank Juli och dem breede Public zougänglech maachen, heescht et an engem Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO