PoliceZu Conter, Mutfert, Éiter a Siren gouf an Autoen agebrach

RTL Lëtzebuerg
Tëscht Méindeg a Mëttwoch goufen der Police eng Partie Abréch gemellt. An alle Fäll gouf eng Autosfënster ageschloen.
© Armand Klamm

Dëst, fir un eventuell Wäertgéigestänn am Auto ze kommen. Plaintë goufe vun de geschiedegte Persounen deposéiert an Ermëttlunge vun der Police ageleet.

An deem Kontext biet d’Police d’Bevëlkerung, sämtlech Informatiounen iwwer méiglech Verdächteger un de Policebüro Syrdall weiderzeleeden. Dëst per Telefon un den +352 244 78 1000 oder per Mail op police.syrdall@police.etat.lu.

Fir Déifställ aus Autoe ze verhënneren, recommandéiert d’Police:

  • Keng Wäertgéigestänn (Kameraen, Handyen, Pochen, Navien, Portmonnien, Boergeld oder Kreditkaarten) siichtbar am Auto leie loossen
  • Falls d’Méiglechkeet besteet, den Auto an eng Garage stellen
  • Den Auto ëmmer zouspären, wann och just fir eng kuerz Zäit.
© Armand Klamm

Back to Top
CIM LOGO