PAGZu Déifferdeng wëll ee méi e moderate Wuesstem

RTL Lëtzebuerg
2,8 Prozent Wuesstem gouf et an de leschte Joren zu Déifferdeng. Dëse wëll een elo e bësse bremsen, dat mat Hëllef vum PAG.
PAG: Zu Déifferdeng wëll ee méi e moderate Wuesstem
2,8 Prozent Wuesstem gouf et an de leschte Joren zu Déifferdeng. Dëse wëll een elo e bësse bremsen, dat mat Hëllef vum PAG.

All d'Gemengen am Land si jo gefrot, e PAG auszeschaffen. E "plan d'aménagement général", fir dass den Territoire vun der Gemeng optimal opgedeelt gëtt, wat d'Besoine vu Wunnraim, den Ëmweltschutz an d'Liewensqualitéit vun de Bierger ugeet.

De Mëttwoch den Owend gëtt de Plang de Leit an der Gemeng Déifferdeng virgestallt. Déi lescht Joren hat een do e Wuesstem vun 2,8 Prozent, dëse soll méi moderat gesteiert ginn an Eefamilljenhaiser weider geschützt ginn.

Wou Eefamilljenhaiser stinn, solle se och bleiwen an et soll net op eemol aus zwou Bréifkëschten der 12 ginn. Esou léisst sech eng vun de Grondiddie vum neie PAG vun der Gemeng Déifferdeng beschreiwen.

Wuesse wéilt ee weider, dat awer méi moderat. Déi lescht Jore louch ee bei 2,8 Prozent Bevëlkerungswuesstem. Dee soll mat Hëllef vum allgemenge Bebauungsplang op 1,4 Prozent gedréckt ginn.

Déifferdeng huet mëttlerweil iwwer 25 Dausend Awunner. Ma an den nächste Jore wier d'Potential, fir eng 30.000 Awunner-Stad ze ginn, do.

© Pierre Weimerskirch

Back to Top
CIM LOGO