
Tëscht 22 Auer Owes an 1 Auer Moies wier déi lescht Nuechten am Diddelenger Zentrum Freedefeier geschoss ginn. “Et ass esou schlëmm, dass eng vun de Rakéite laanscht ons Fënster geflunn ass”, erzielt en Awunner. Doropshin hätt een d’Police geruff. Déi wieren awer réischt no enger Stonn komm. “Do ass wuel koum nach een unzetreffen”, sou den Awunner. An dat Ganzt géif elo scho véier Nuechten esou goen.
E puer Awunner hätte sech och scho bei der Gemeng gemellt, mee déi kéinten näischt maachen an hätte si un d’Police verwisen.
D’Police huet eis confirméiert, dass hinnen an der Nuecht vum 20. op den 21. August zu Diddeleng Geräischer gemellt goufen, déi no Knupperte geklongen hunn. D’Police hätt déi gemellten Ëmgéigend iwwerpréift, awer näischt Verdächteges festgestallt.
Freedefeier a mat Knupperte schéissen ass fir privat Leit prinzipiell verbueden. Dat ass op alle Fall an deene meeschte Gemengereglementer festgehalen. Hei steet ganz kloer dran, dass et ouni Autorisatioun vum Buergermeeschter verbueden ass, Knupperte lasszeloossen.
Zu Diddeleng géif et d’Täter zum Beispill tëscht 25 an 250 Euro kaschten, wa si erwëscht ginn.
De CGDIS iwwerdeems erkläert, dass een zënter enger Zäitche keng Preventiounscampagnë méi erausgëtt, well een näischt wéilt fërderen, wat a priori verbueden ass.
Am Fall, wou op engem Evenement soll Freedefeier geschoss ginn, gëtt et fir d’Organisateure kloer Reegelen, déi d’Sécherheet garantéiere soll. Fir d’éischt brauch den Organisateur mol eng Autorisatioun. E wichtegen Aspekt ass, dass e Sécherheetsperimeter festgeluecht gëtt. Da gëllt et op d’Qualitéit vun de Rakéiten opzepassen. Sou dierfen nëmme Knupperte fléie gelooss ginn, déi mam Stempel CE gekennzeechent sinn.

Da ginn et Aarte vu Freedefeier, fir déi een eng speziell Formatioun brauch. An ënnert anerem Himmelslaterne si ganz verbueden, well de Risk besteet, dass se iergendwou erofgeet a sech e Brand entwéckelt.
Weider Punkten, op déi den Organisateur oppasse muss, fannt Dir hei.