
Zu Dippech war en Onéierlechen an en Eefamilljenhaus agedrongen, andeem hien eng Fënster beschiedegt huet. Am Haus goufe méi Raim duerchsicht, den Täter ass dono geflücht.
Iwwert d’Dier vun der Terrass war sech dann zu Biergem illegal Zougang zu engem Haus verschaaft ginn. Hei goufe Schief duerchwullt a Bijoue geklaut. A béide Fäll gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geschéckt.
Wéi ee sech präventiv virun Abréch schütze kann, dozou gëtt d’Police verschidden Tipps.