112Zu Esch haten zwee Autoe gebrannt, keng Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Op der Areler A6 huet de Mëttwochowend ausserdeem ee Camion gebrannt. Och do goufen et keng Blesséierter.
© Marc Haine

Zu Ueweraanwen huet an der Nuecht géint 4.30 Auer en Haus gebrannt, hei ass awer kengem eppes geschitt.

Den 112 mellt zwee Accidenter de Mëttwoch den Owend mat all Kéier engem Blesséiertem. Zu Ettelbréck an der Kanalstrooss si géint 17.30 Auer zwee Autoen anenee geknuppt. An tëschent Nidderfeelen an Heischent ass géint 18 Auer en Auto an e Bus gerannt.

E Mëttwoch de Moie gouf et dann nach en Accident tëscht dem Antoniushaff an der Éimeschbaach. En Automobilist ass mat sengem Gefier an e Bam gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO