Korrekt Zortéiere vum DreckZu Lëtzebuerg bleift nach vill Loft no uewen

RTL Lëtzebuerg
Bananneschuelen, Fläschen, Spillsaachen an nach villes méi flitt nach ëmmer an déi gro Poubelle.
Reschtoffall richteg zortéieren
Beim korrekten Zortéiere vum Dreck bleift zu Lëtzebuerg nach vill Loft no uewen. Dat stellen d’Ëmweltverwaltung an den Eco-Conseil fest.

Beim korrekten Zortéiere vum Dreck bleift zu Lëtzebuerg nach vill Loft no uewen.  Dat stellen d’Ëmweltverwaltung an den Eco-Conseil fest. All puer Joer eng Kéier gëtt nämlech de sougenannte Reschtoffall am Detail zortéiert an analyséiert.

Villes spigelt sech am Offall erëm an dat eleng ass schonn e Grond, firwat dës Analys iwwerhaapt gemaach gëtt.

2013 war déi lescht, déi vun dësem Joer ass den Ament am Gaangen. Den Offall vu 16 Gemengen gouf am Januar/Februar iwwer 4 Woche scho getrennt an analyséiert, elo gëtt deen Exercice mat neiem Dreck nach emol widderholl, esou den Steff Schaeler, Vertrieder vum Eco-Conseil.

"D'Etüd gëtt all 5 Joer gemaach. Et geet drëm, fir erauszefannen wat nach an der groer Dreckskëscht ass, fir datt d'Ëmweltverwaltung an den Ëmweltministère kënne soen: Ok, an deem Beräich musse mir nach méi aktiv ginn.  Do ass nach ze vill dran, wat net an déi gro Poubelle gehéiert.
Dat wëlle mir hei feststellen.”

Et ginn 11 grouss Kategorien a 27 Ënnerkategorien, den Dreck gëtt op der Hand der richteger Rubrik zougedeelt. Et wier keng schéin, ma awer eng wichteg Aarbecht, sou déi Responsabel.  Gekuckt gëtt zum Beispill wéi eis Offall-Gewunnechten evoluéieren.

Et kommen och alt nei Fraktiounen dobäi, dat war och 2013 de Fall.  De Robert Schmit, Direkter vun der Ëmweltverwaltung:

"Eppes wat mir virdrun net kannt hunn – d'Kaffikapsel – déi schonn deemools e relativ substantielle Deel ausgemaach hunn, wou ee sech elo muss iwwerleeën: Kënne mir déi vläicht aneschter sammelen? Kënne mir déi och recycléieren? Wat kann een domat maachen? Dat sinn ebe Froen, déi sech aus der Offall-Analys erginn hunn.”

Natierlech wiere se ganz Kamoud, ma se géingen awer méi Dreck maache wéi normal gemuele Kaffi, fënnt och den Steff Schaeler. D'Analys wier zwar nach net fäerdeg, ma et géingen sech awer scho verschidden Tendenze weisen.

"Mir kënne lo scho soen, datt manner bedréckte Pabeier dran ass an et ass och e bësse manner Plastik dran.  Et sinn méi Kierper-Hygiène-Saachen dran. Dat kann doduerch kommen, datt d’Leit hir Gewunnechte geännert hunn, dat kann awer och sinn, datt d'Leit déi bestoend Recyclingméiglechkeete besser notzen.”

Sougenannte Problemstoffer, wéi Medikamenter a Kosmetiksaachen géing ee leider ëmmer méi an der groer Poubelle fannen,  obschonns d’Superdreckskëscht dës separat asammelt.

Am Hierscht, wann déi definitiv Resultater eraus sinn, wäert een och gesinn, ob a wat fir een Impakt de Verbuet vu gratis Plastikstuten huet.

Back to Top
CIM LOGO