
Et gëtt een éischte suspekte Krankheetsfall zu Lëtzebuerg, bei där eng Infektioun mam neie Coronavirus net kann ausgeschloss ginn. Déi concernéiert Persoun ass e Samschdeg am nationale Service fir infektiéis Krankheeten am CHL opgeholl ginn, gouf isoléiert an d'Analyse lafen, esou den Direkter vum CHL Romain Nati.
Den Dr Romain Nati: "Dat heescht eng Persoun, déi Zeeche vun enger Gripp huet, a bei där net ausgeschloss ka ginn, dass se am Virfeld eventuell Kontakt hat mat Leit, déi hätte kéinten infizéiert ginn opgrond vum geographesche Parcours. Dat heescht eng Corona-Infektioun ka wéi gesot net ausgeschloss ginn, sou laang se net ausgeschloss ka ginn, gëtt déi Persoun isoléiert, ginn all d'Virsiichtsmoossname getraff. D'Tester sinn am Gaangen, gemaach ze ginn, a kënnen da confirméieren oder och net, ob esou eng Diagnos kann zeréckgehale ginn oder net."
D’Analyse goufen an de Staatslabo geschéckt, esou den Dr Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé. Mat engem Resultat ass vläicht nach e Samschdeg den Owend, spéitstens awer e Sonndeg de Moien ze rechnen. Wann e positiv Resultat sollt sinn, bleift d’Persoun isoléiert an alleguer déi, déi an enkem Kontakt mat hir waren, gi kontaktéiert a kontrolléiert.
Et wäert sécherlech net dee leschte Verdachtsfall sinn, ma esoubal d’Persoun am Spidol am zoustännege Service wier, wier den Infektiounsrisiko bei 0, esou nach den Dr Romain Nati.
Ausseministère réit vu Reesen a China of
Um Freideg hat de Lëtzebuerger Ausseministère an engem Schreiwes matgedeelt, datt Leit, déi net onbedéngt mussen a China reesen, dëst och net maache sollen.
China ëmmer méi isoléiert
China ass iwwerdeems ëmmer méi isoléiert duerch de Coronavirus. D'Vereenegt Staaten an Australien hunn Areesverbueter agefouert, d'Vereenegt Kinneksräich huet diplomatescht Personal zeréckgeruff. Däitschland a Frankräich hu Bierger, déi a China waren, rapatriéiert. Vun de 124 Passagéier, déi am Fliger vun der däitscher Loftwaff waren, sinn der 11 an eng Klinick ageliwwert ginn. Bei enger Persoun soll eng Infizéierung mam Virus net kënnen ausgeschloss ginn. Déi aner 113 Passagéier goufen och ënner Quarantän gesat. Doriwwer eraus gouf e Samschdeg bei enger weiderer Persoun aus Bayern de Virus diagnostizéiert. Beim 33 Joer ale Mann handelt et sech op en Neits ëm ee Mataarbechter vun der Firma "Webasto". Am Ganze ginn et bis elo an Däitschland 8 Fäll. Si sollen an engem stabillen Zoustand sinn. E Freideg war et schonn aus Däitschland d'Nouvelle, datt sech een éischt Kand mam Coronavirus infizéiert huet.
Mëttlerweil sinn iwwer 250 Mënschen a China um Virus gestuerwen a knapp 12.000 Leit infizéiert. Mëttlerweil goufen et Krankheetsfäll a ronn 20 Länner, Afrika a Südamerika bloufe bis elo awer verschount.
D’Weltgesondheetsorganisatioun hat en Donneschdeg den Owend den Noutstand ausgeruff, fir déi international Zesummenaarbecht am Kampf géint de Virus ze verbesseren.