Médecins du MondeZu Lëtzebuerg huet net jiddereen Accès op medezinesch Soinen

Claudia Kollwelter
Eleng zejoert hunn iwwer 800 vulnerabel Leit Gebrauch vun de Servicer vun Médecins du Monde gemaach.
© Claudia Kollwelter

D'ASBL, déi zanter Ufank Februar als "utilité publique" ugesinn ass, verlaangt, datt de Gesondheetssystem am Land méi inklusiv a méi accessibel gëtt.

Médecins du Monde/Reportage Claudia Kollwelter

Leit ouni legal Adress, ouni fest Aarbecht oder ouni Revenue hu keen Accès zu Soinen. Vun den 815 Patienten, déi zejoert bei Médecins du Monde passéiert sinn, war de gréissten Deel männlech. 4 Méint al war dee jéngste Patient, 79 Joer deen eelsten. De gréissten Deel kënnt aus engem europäesche Land a 7,5% hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit. Ronn 2.400 Consultatiounen huet d'ASBL zejoert gemaach an dat nëmmen duerch Benevollen. Ronn 100 Leit schaffe benevole fir Médecins du Monde - 13 Dokteren, ronn 20 Infirmièren an eng Rei Spezialisten. Mee dat geet bei wäitem net duer, seet de Vize-President Bernard Thill. Allgemeng ass een ugewisen u Leit, déi hir Servicer gratis ubidden.

"Mir sinn och de Spideeler dankbar, déi bereet sinn, eis Patienten opzehuelen an den Urgencen, hinnen eng Röntgen, en Ultraschall oder eben dat, wat néideg ass ze maachen. An dat hoffentlech ëmmer nees gratis."

Ofhängeg deemno vu Benevollen a vun Done fuerdert Médecins du Monde, datt de Gesondheetssystem gerecht gëtt. Lëtzebuerg misst zum Beispill en tiers payant social kréien.

"Deen op d'mannst dann aspréngt, wann een an esou enger sozialer Nout ass, kee Revenue huet. De Problem ass, wien ass bereet ze deklaréieren: "ech hu keng Moyene méi, ech sinn aarm, w.e.g Gesellschaft hëlleft mir!" Dat ass e gewëssene Stolz, dee jiddereen huet an dee sécher net sou einfach ass, duerchzesetzen, och bei deene Leit, déi wierklech Hëllef brauchen."

Et wier awer och net normal, datt d'offices sociauxen eréischt dann aktiv ginn, wann eng Persoun eng fest Adress oder eng fest Aarbecht huet oder méi wéi 3 Méint am Land ass - all déi, déi net dorënner falen, kréie kee Su an dat wier net normal.

"A Frankräich an an der Belsch gëtt et dat scho laang, datt jiddereen, egal wéi laang e Mënsch am Land ass, ob en eng Aarbecht oder eng fest Adress huet, en charge geholl gëtt, wann e gesondheetlech Problemer huet."

Do misst eppes geschéien an dat och vu Säiten vun der Politik: "Och fir d'Spideeler, déi bereet sinn, esou Leit en charge ze huelen an zum Beispill ze operéieren. Dat Personal, wat do agesat gëtt, muss jo bezuelt ginn. Dofir muss do eppes geschéien. An eis Krankekeess huet jo awer e gewëssene Réckhalt op de Banke leien, sou datt ech denken, datt déi 800 Patienten, déi hei pro Joer soignéiert ginn, net dierften den Haaptproblem duerstellen."

Nieft Esch a Bouneweg huet Médecins du Monde wëlles, sech och zu Ettelbréck ze positionéieren. Vun den Donen, déi d'ASBL kritt, sinn nëmme 4% fir d'Administratioun, 96% kommen direkt um Terrain un.

Back to Top
CIM LOGO