De Sujet vun der Sécherheet am ëffentleche Raum huet an deene leschte Méint de politeschen Debat zu Lëtzebuerg matbestëmmt. An deem Kader gouf och iwwert d’Aféiere vu sougenannte Bodycams fir Polizisten diskutéiert. Dës kënnen d’Beamten a méi kritesche Situatiounen aschalten. Um Dënschdeg huet d’Chamber de Gesetzesprojet 8065 ugeholl an domadder de Wee fir esou Kamerae fräi gemaach. Ma och wann d’Stoussrichtung iwwert déi meeschte Parteigrenzen ewech begréisst gouf, goungen d’Meenungen iwwert eng Partie Modalitéiten awer auserneen. Déi meeschte Riedner ware sech doriwwer eens, datt et an eiser Gesellschaft u Respekt virun der Police feele géing. D’Beamte géingen ëmmer méi dacks agresséiert. Dobäi géife si oft vun drëtte Persoune gefilmt. Déi Biller géifen dann a soziale Medien zirkuléieren awer net déi ganz Wouerecht erëmginn. Mat de Bodycams sollte sech d’Beamte viru falschen Uschëllegunge wiere kënnen. Gläichzäiteg géing se d’Bierger viru Policegewalt schützen. Aus Deeler vun der Oppositioun war et awer d’Kritik, datt d’Muechtverhältnis net equilibréiert wier.
Nathalie Oberweis: “De Polizist eleng mécht d’Kamera un, dat ass hei scho gesot ginn. De Staatsrot, d’CCDH an CNPD bemängelen dat jo ganz kloer, datt et nëmmen den Agent vun der Police ass, deen d’Kamera kann umaachen an de Vis-à-vis ka filmen. Dat war jo och vun der Mënscherechtskommissioun gefrot ginn, fir datt eben och déi aner Persoun den Declenchement vun der Kamera kann ausléisen.”
Ee weidere méi kriddelege Punkt, dee vun e puer Intervenante opgeworf gouf, war dee vun der Ënnerscheedung tëscht Lieu public a Lieu privé.
Léon Gloden: “Mir sinn eben net domadder d’Accord, datt déi Distinctioun tëscht Lieu public a Lieu privé sou strikt gemaach gëtt. An 80 Prozent kann dat gutt goen, mee et gëtt eben och Limitt-Fäll.”
De Policeminister Henri Kox huet déi Ënnerscheedung par Konter verdeedegt.
Henri Kox: “Jo, mir haten am urspréngleche Gesetz dans tous lieux, wëssend awer, datt mer am Commentaire des articles ganz explizitt dorop higewisen hunn, fir ze soen, an dat weess de Polizist, also de Polizist weess ganz genau, wann en an eng Privatsphär erakënnt, wann en de Lieu privé betrëtt, wat ze spillen huet.”
Um Enn gouf d’Gesetz mat 31 Jo-Stëmmen, dat 6 Milliounen Euro fir 5 Joer virgesäit, 27 Abstentiounen an 2 Nee-Stëmmen ugeholl.
Ofgerënnt gouf d’Thema Sécherheet duerch de Vott vun engem Finanzéierungsgesetz fir 2 Policehelikoptere vum Typ Airbus H-145M. Dës kaschten de Staat am Zäitraum vun 2024 bis 2038 86 Milliounen Euro.