Fir d’Drénkwaasser ze schützen, solle landwirtschaftlech Betriber hei am Land an Zukunft manner Planzeschutzmëttel benotzen a manner Pestizide sprëtzen. An engem Versuchsfeld zu Luerenzweiler ginn zanter zwee Joer verschidden Techniken ausprobéiert, fir dee Gebrauch vu cheemesche Produiten ze reduzéieren. En Dënschdeg den Owend goufen d’Resultater vum Pilotprojet presentéiert.
Zu Luerenzweiler am Feld gëtt eng gemëschte Kultur vu Mais a Staangebounen ugebaut. Dës Mëschkulture sollen d’Erträg vum Geméis a senger Quantitéit esou wéi Qualitéit optimiséieren, ouni mussen op konventionellen Dünger a Pestiziden zeréckzegräifen. D’Onkraut, oder besser gesot d’Bäikraut, gëtt hei och net méi ewechgesprëtzt, mä duerch eng mechanesch Bäikrautbekämpfung ënner Kontroll gehalen. Dat geschitt mat enger sougenannter Strigel- oder Maiskappmaschinn an ass e gutt Stéck méi schounend fir eist Drénkwaasser, erkläert den Alexander Schlimm, Drénkwaasser-Schutzkoordinator vum Waasserwierk vun der Stad Lëtzebuerg.
D’Resultater wiere villverspriechend, heescht et vun der IBLA, dem Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agroekologie, déi de Versuch zu Luerenzweiler duerchféiert.
“Mir sinn insgesamt ganz zefridden. Mir hunn dat, wat mer wollten testen oder wat mer eis erwaart haten, bis elo bestätegt kritt. Ech denke par rapport zum konventionelle Mais, steet deen, dee mir elo reng mechanesch bewirtschaft hunn, genau esou gutt do.”
Den Ament ginn et siwen Drénkwaasserschutzzonen am Land. D’Betriber, déi landwirtschaftlech Flächen an deene Schutzzonen hunn, kënnen hirer Regioun bäitrieden, andeems se d’landwirtschaftlech Kooperatioun fir de Schutz vum Drénkwaasser ënnerschreiwen. Doropshi kënnen d’Betriber dann och de Maiskappert an de Strigel beim Kommitee vun den Drénkwaasserversuerger ufroen a fir näischt benotzen. Esou kënne si zum Schutz vum Drénkwaasser bäidroen.