CGDISZu Mäertert huet den Daach vun engem Haus gebrannt
Wéi de CGDIS mellt, huet e Méindeg géint 21 Auer an der Cité Herrenberg den Daach vun engem Haus gebrannt, wat nach am Bau ass.
Et gouf kee blesséiert.
Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Mäertert/Gréiwemaacher, Manternach a Fluessweiler. Och d’Ambulanz vu Mäertert war op d’Plaz geruff ginn.
© Domingos Oliveira / RTL
© Domingos Oliveira / RTL
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Um Dënschdeg huet géint 16.40 Auer en Auto op der A7 tëscht dem Colmer-Bierg an Ettelbréck gebrannt. Keng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Colmer-Bierg a Biissen.