
Direkt 5 Pompjeescorpsen, déi vu Lëntgen, Béiwen/Atert, Ettelbréck, Miersch an Noumer waren op der Plaz fir ze läschen.
Et blouf beim Materialschued.
Tëscht Habscht an Äischen ass kuerz virun 19.30 Auer nach e Cyclist gefall a gouf blesséiert. Hei ware eng Ambulanz vu Stengefort, sou wéi d'Pompjeeë vu Stengefort an Habscht op der Plaz.
Kuerz virun 8 Auer e Mëttwoch de Moien hate sech zu Mënsbech 2 Autoen ze pake kritt. 3 Leit goufe verwonnt. Am Asaz waren d'Ambulanz aus der Stad a Jonglënster, sou wéi d'Pompjeeën Nidderaanwen a Schëtter.
Um 8.48 Auer krute sech an de Stad 2 Cyclisten ze paken, ee vun hinne gouf blesséiert.