CGDISZu Reiler huet et e Samschdeg den Owend op engem Bauerenhaff gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi den 112 mellt, koum et e Samschdeg den Owend géint 19 Auer zu engem Feier op engem Bauerenhaff zu Reiler.
© CGDIS Archivbild

D’Pompjeeë vu Klierf, Colmer a Schieren, Housen, Kiischpelt, Wäiswampech, Wolz a Wëntger waren op der Plaz, grad wéi eng Ambulanz an e Grupp fir d’Rettung vun Déieren. Et gouf kee Mënsch blesséiert.

E Sonndeg de Moie fréi gouf et en Autosaccident zu Péiteng an der Lonkescher Strooss. Dat kuerz no 6 Auer. 2 Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO