
Op Äschermëttwoch huet jo bekanntlech d'Fueszäit opgehalen an d'Faaschtenzäit ass ugaangen. Traditionell gëtt och deen Dag am ganze Land de Wanter symbolesch begruewen, awer néierens zu Lëtzebuerg gëtt dëst esou extra geféiert wéi um "Stréimännche-Fest" zu Réimech.
Eng gutt Partie Leit hu sech dat och dëst Joer nees net entgoe gelooss an hunn zesummen e Mëttwoch den Owend d'Fréijoer begréisst.
De Stréimännche gouf, begleet vu Musek a vu Leit, déi gedanzt hunn, duerch d'Stroosse vun der Muselpärel op d'Bréck iwwer de Grenzfloss bruecht ... do ugefaangen ... an dunn erofgeheit!
Traditionell huet de Männchen och ëmmer eng eidel Fläsch an en eidele Portmonni dobäi, fir ze weisen, dass et elo duergeet mat der ausgeloossener Fuesstëmmung an dass d'Faaschtenzäit lo ugeet.
Dëse Brauch gëtt awer net nëmmen zu Réimech geféiert, mä och a ville Géigenden a Rheinland-Pfalz an och op verschiddene Plazen a Frankräich oder Éisträich. Wat zu Réimech ganz gären derbäi gemaach gëtt, ass e gebakene Fësch iessen ze goen.
Fotoen: Jean Walté