
Zu Reisduerf "op der Heed" huet an der Nuecht op e Samschdeg e Chalet gebrannt. Beim Feier ass keng Persoun blesséiert ginn, de Materialschued ass awer grouss.
D'Police kann net ausschléissen, datt dat Feier express geluecht gouf a mécht en Appell, datt Leit, déi eppes gesinn hunn, sech w.e.g um 113 oder bei der Police zu Dikrech solle mellen.