Zanter Enn Juli gëtt zu Rëmersche gebaut. Eng Dréchemauer entsteet am Haff Réimech. Et ass en interregionale Projet deen am Joer 2016 an d'Liewe geruff gouf.
Zil ass et, de Sënn vun Dréchemaueren an d'Methodik vum Bau de Leit méi no ze bréngen.
De Bau vun dëser Dréchemauer ass ee vu 4 interregionale Projeten. Finanzéiert mat europäesche Suen. Nach bis Enn der Woch gëtt un der Mauer geschafft. De Projet selwer geet nach bis 2020
RTL war sech d'Aarbechten op d'Musel en Dënschdeg de Mëtteg ukucken.