
Zwee Gefierer hate sech do ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert, ëm déi sech déi lokal Secouristen an eng Ambulanz aus der Stad gekëmmert hunn.
Den 112 mellt en Accident e Freideg de Moien tëschent Beetebuerg an der Kockelscheier, géint 7.20 Auer hat sech en Auto hei iwwerschloen, eng Persoun gouf blesséiert.