Am LokalenZu Wolz krute sech zwee Autoen ze paken

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, hat et e Samschdeg den Owend um 21.55 Auer op der Näertrecher Strooss zu Wolz gerabbelt.
© Laurent Weber / RTL

Zwee Autoe sinn do anenee gerannt. Am Ganze goufe véier Persoune verwonnt, méi Detailer sinn et gewosst.

Op der Plaz war eng Ambulanz vu Wolz an eng aus der Nordstad souwéi d’Wëlzer Pompjeeën.

Da mellt den 112 nach en Accident mat 2 Blesséierten e Sonndeg de Moien. Tëscht Schengen a Rëmerschen si géint 9.30 Auer zwee Autoen aneneegerannt. Zwou Persoune goufe blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO