
Et goufen Ersatzbusser tëscht Esch an Déifferdeng agesat. Kuerz no 12.30 Auer gouf et Entwarnung vun den CFL. Lues a lues géif den Trafic sech nees normaliséieren.
Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, dass géint 7.43 Auer eng Persoun zu Zolwer ënnert den Zuch geroden ass. Wéi d’Police matdeelt, huet se net iwwerlieft.
Nieft dem Rettungshelikopter war eng Ambulanz vun Esch am Asaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an Esch.