BluttspenderZuel u Spender ass stabel, Stock u Bluttkonserve geet awer erof

RTL Lëtzebuerg
Och wann d'Zuel vun de Bluttspender mat enge ronn 13.700 am Land aktuell stabel ass, sou ass de Stock u Bluttkonserven awer relativ déif.
© RTL

Bis ewell ass et awer geséchert, datt d’Lëtzebuerger Stocken fir d’Besoinen am Grand-Duché duer ginn.

Op et zu Enkpäss ka kommen, wann e Patient muss eng Bluttkonserv kréien, kéint net gesot ginn, esou d’Gesondheetsministesch Lenert an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Martine Hansen a Max Hengel.

Weider heescht et, datt aktuell all Bluttgruppen kéinten fir eng Transfusioun am Land garantéiert ginn - e Probleem gëtt et awer duerch d’Covid-Infektiounen: wëll eng infizéiert Persoun muss 4 Wochen waarden, bis se nees kann Blutt ginn, konnten vill Bluttspender net am gewinnten Rhythmus hiren Don maachen.

Hei déi komplett parlamentaresch Fro mat der Äntwert vum Ministère.

Back to Top
CIM LOGO