Corona-WocheréckbléckZuel vu Covid-Infektioune geet an der Woch vum 15. - 21. August erof

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch ass keng Persoun un oder mat enger Covid-Infektioun verscheet.

751 Persoune sinn an der Woch vum 15. bis den 21. August positiv op de Coronavirus getest ginn. Dat seet de Wochebilan vun der Santé. D’Zuel vun den Tester ass vu 5.089 op 4.709 erofgaangen am Verglach zu der Woch virdrun.Op den Dag vum 21. August haten 1.972 Persounen eng aktiv Infektioun. De 14. August waren et der nach 2.560. D’Zuel vun de geheelte Leit ass iwwerdeems vun 281.451 op 282.790 eropgaangen. D’Leit, déi positiv getest gi sinn, haten eng Altersmoyenne vu 44,1 Joer.

An der Woch vum 15. bis den 21. August ass kee weider Doudesaffer bäikomm.

An de Spideeler ass d’Zuel vun den Hospitalisatiounen am Verglach zu der Woch virdru vun 12 op 9 erofgaangen. Eng Persoun louch op der Intensivstatioun. D’Altersmoyenne vun de Leit an de Spideeler war 59 Joer.1.579 Corona-Impfunge goufe gemaach. Am Ganze goufen hei am Land bis ewell 1.289.869 Dosisse gesprëtzt. All néideg Informatiounen iwwert d’Corona-Impfunge gëtt et op impfen.lu.

PDF: Wocheréckbléck Santé 15. bis 21. August 2022

Back to Top
CIM LOGO