Rapport 2023 OmbudsmanZuel vu Reklamatioune sou héich wéi nach ni

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Joer hunn 1.456 Leit beim Ombudsman reklaméiert, well se Problemer mat staatleche Verwaltungen oder mat enger Gemeng haten.

Domadder ass d’Zuel vun de Reklamatiounen d’lescht Joer sou héich gewiescht wéi nach ni. Am Verglach mat 2022 waren et der iwwer 200 méi. Allerdéngs ware se net alleguer recevabel respektiv se goufen zeréckgezunn. An deene meeschte Fäll war de Staat viséiert.

Rapport 2023 Ombudsman / Reportage Dany Rasqué

Dee Ministère, deen am dacksten an den Reklamatioune genannt gëtt, ass den Ausseministère. An hirem Rapport, deen d’Ombudsman Claudia Monti elo presentéiert huet, geet si drop an ëm wéi eng Problemer et konkret geet an eng Fro, déi grad tranchéiert gëtt, ass, wat mam Pass vun engem Mënsch geschitt, deen Asyl zu Lëtzebuerg kritt an déi Lëtzebuerger Nationalitéit unhëlt. Bis viru kuerzem huet den Ausseministère deene Betraffenen hire Pass aus hirem Pays d’origine zeréckginn, elo gëtt dat awer net méi gemaach mam Argument, datt d’Leit dee Pass vereinfacht ausgedréckt net méi bréichten. Domadder ass d’Ombudsman Claudia Monti awer net averstan.

“Mir verstinn, datt den Ausseministère seet, e wéilt Fraude evitéieren, dat ass fir eis awer net d’Argument. Mir hu verschidde Länner, do brauch ee säi Pass fir säin Diplom ze kréien. Wéi wëllt dir hei ären Diplom unerkannt kréien, wann der ni en Diplom kënnt virweisen. Mir sinn nach amgaang ze diskutéieren a kucken dann, wéi dat ausgeet.”

En anere Ministère, wéinst deem dacks reklaméiert gëtt, ass dee vun der Securité sociale. An engem konkrete Fall, deen d’CNS betraff huet, hat d’Ombudsman d’Gefill, si géif higehale ginn.

“Nodeems mer X Mol reklaméiert hunn, hu mer gesot kritt, “Komm, mir maachen eng Reunioun!” An der Reunioun hu mer awer keng Äntwert kritt, mä just gesot kritt, datt et e wansinneg komplizéierten Dossier ass an datt ee kuckt, datt een dat gereegelt kritt. Wéi et no enger gewësser Zäit nach ëmmer keng Äntwert gouf, hu mer eng Kopie vum Dossier gefrot, fir dass mer kënne kucken, wat do sou komplizéiert soll sinn. Mir hu keng Kopie kritt, mä op eemol ass gesot ginn, et géif een der Madamm Recht ginn. Dat ass schéin, mä mir wëssen nach ëmmer net, wat do sou komplizéiert war, mir hunn nach ëmmer keng Kopie vum Dossier an nach ëmmer keng Äntwert kritt a mir hoffen, datt dat e klengen incident unique war, deen net méi virkënnt.”

D’Claudia Monti seet, am Allgemengen hätt d’Relatioun an d’Zesummenaarbecht mat staatleche Verwaltungen a Gemenge sech an de leschte Jore verbessert. De globalen Taux de correction, also Fäll, déi konnte geléist ginn, wann ee sou wëll, louch bal bei 86 Prozent. Dat ass bësse méi héich wéi déi lescht dräi Joer.

Back to Top
CIM LOGO