
D'Gesondheetskeess huet de Bilan vun zejoert publizéiert. Iwwer 858'000 Persoune sinn hei am Land bei der CNS assuréiert, méi wéi 300'000 vun hinne wunnen net hei zu Lëtzebuerg. D'Zuel vun den Assuréierten ass bannent engem Joer ëm 2,8% an d'Luucht gaangen.
2018 gouf et och méi Krankschreiwunge wéi dat Joer virdrun: +15,6%. Knapp 769'000 Certificate goufen ausgestallt, iwwer 42'000 wéinst Aarbechtsaccidenter.
Bal 66'000 mol gouf Congé aus familiäre Grënn ugefrot, well d'Kanner also z.B. krank waren.
Knapp 5 Millioune Rechnungen huet d'CNS zejoert rembourséiert, 230'000 méi wéi 2017, respektiv knapp 5% méi.
All Dag kritt d'CNS eng 1'500 Appellen. 10'000 Enveloppen den Dag komme bei der Gesondheetskeess un, gréisstendeels geet et do ëm Remboursementer oder Certificaten, datt een net ka schaffe goen. 6'000 Emailen ginn all Mount op cns@secu.lu geschéckt.
16 Agencen huet d'CNS an hei goufen 2018 méi wéi 251'000 Schecken ausgestallt, 6,6% méi wéi 2017. An der Moyenne hat sou e Scheck e Wäert vu knapp 250 Euro.
Wéinst de gutt gefëllte Keesen, konnte Leeschtunge fir déi Assuréiert verbessert ginn, gëtt de President vum Verwaltungsrot vun der CNS Christian Oberlé am Rapport zitéiert. Amplaz 52 Woche Krankschreiwung sinn elo 78 Wochen op enger Period vun 104 Woche méiglech. Och d'Remboursementer fir Mineure goufe verbessert. D'Psychotherapie soll jo och rembourséiert ginn, dorunner gëtt dëst Joer geschafft, grad wéi un enger Verbesserung vun der preventiver Medezin. D'Digitaliséierung gëtt och viru gedriwwen.
D'CNS, déi dëst Joer iwwregens 10 Joer feiert, plënnert dann och an zwee Joer an en neit Gebai, an d'“Cité de la sécurité sociale“ op Hollerech.
De President vun der CNS geet am Virwuert vum Joresrapport och op d'Ënnerschloe vu Suen an, déi et bei der Gesondheetskeess gouf. Dat wieren zwee isoléiert Fäll gewiescht, sou de Christian Oberlé. 4 Leit waren an deem Kontext verhaft ginn, hat de Parquet matgedeelt. Et soll ëm zwou Milliounen Euro goen.