Wocheréckbléck vun der SantéZuel vun de Covid-Fäll klëmmt no der Fuesvakanz ëm 68 Prozent

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 1.400 Fäll goufe gemellt - 566 Infektioune méi, wéi nach déi Woch virdrun.
© RTL-Grafik

Fënnef Persoune sinn d’lescht Woch un de Suitte vun enger Infektioun gestuerwen. Si haten eng Altersmoyenne vun 82 Joer. 10 Patienten hunn d’lescht Woch missen an de Spideeler behandelt ginn, keen dovunner op der Intensivstatioun.

D’Gripp, also den Influenza-Virus, zirkuléiert och nach. Do gouf et d’lescht Woch 252 nei Fäll.

PDF: Coronavirus - Retrospective vun der Woch

Back to Top
CIM LOGO