
Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo wollt wëssen, wourunner datt et géing leien. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider äntwert op d'question parlamentaire, datt ënnert anerem vill Firme betraff sinn, déi keng Employéë beschäftegen.
Op déi definitiv Chiffere géing een zwar nach waarden, ma dem Statec no goufen et 2018 1.189 Faillitten, 2017 waren et der 904.
De Secteur, deen am meeschte betraff ass, ass dee vun de Finanzen an de Versécherungen, do wier och eng Croissance vun de Faillitte vu gutt 60% ze notéieren.