Inflatioun a méi héich ZënsenZuel vun de Prêt-Demandë geet erof

RTL Lëtzebuerg
Déi héich Inflatioun an déi héich Zënse maache sech bei der Demande no Immobiliëkreditter bemierkbar.
© René Pfeiffer

Zwar géifen nach ëmmer vill Kreditter zu Lëtzebuerg ugefrot, seet den Yves Nosbusch, de Chef-Ekonomist vun der BGL BNP Paribas. Ma et wieren der wéinst den Zënshaussen d’lescht Joer e bësse manner wéi virdrun.

Well an deene leschte Joren déi meescht Leit e fixen Taux fir hire Kredit gewielt hunn, wiere si virun den Zënsaugmentatioune geschützt. Ma och beim Stock vu Kreditter, déi mat engem variabelen Taux ofgeschloss goufen, géifen et bis ewell wéineg Probleemer mat de Remboursementer ginn.

Back to Top
CIM LOGO