Am SeptemberZuel vun den Asyldemandë liicht réckleefeg
RTL Lëtzebuerg
Am September hunn 158 Persounen hei am Land Asyl ugefrot, 25 manner wéi de Mount virdrun.
Update: 10.12.2025 11:46
Déi Zuele goufe vun der Direction de l'immigration offiziell matgedeelt. 1'536 Mënschen hu bis ewell dëst Joer eng Demande gemaach. Zejoert waren et der 2'206 am Ganzen.
Nach ëmmer kommen déi meescht Leit aus Eritrea an aus Syrien.