Coronavirus zu LëtzebuergZuel vun Doudege klëmmt op iwwer 500, 215 Neiinfektioune bäikomm

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt 3 weider Mënschen, bei deenen de Coronavirus nogewise gouf, gestuerwe sinn.
© RTL Archivbild

Am Ganze sinn zanter dem Ufank vun der Pandemie zu Lëtzebuerg 501 Persounen um oder mam Coronavirus gestuerwen.

Vu 4.470 Tester an de leschte 24 Stonne waren der 215 positiv.

Aktuell sinn 136 (+4) Patienten hospitaliséiert, dovunner 33 (+2) op der Intensivstatioun.

Back to Top
CIM LOGO