
D’Zuel vun de Leit, déi sech mam Covid infizéieren, ass och déi lescht Woch ëm weider 12 Prozent zeréckgaangen, sou datt aktuell den Inzidenz-Taux op 100.000 Awunner bei 850 Fäll läit. Déi Woch virdru waren et nach eng 970 Fäll.D’lescht Woch hu sech der Santé no 5.403 Mënsche mam Virus ugestach, wat der 769 manner si wéi d’Woch virdrun. D’Alters-Moyenne vun dëse Leit läit bei 42 Joer. Dogéint ass de Positivitéitstaux liicht eropgaangen, vu 34,7 Prozent an der Woch vum 4. Abrëll op 35,23 Prozent an der Woch vum 11. Abrëll.29 Leit goufe mam Virus an de Spideeler behandelt, dräi dovunner op der Intensivstatioun, wat änlech Zuele sinn, wéi déi Woch virdrun. Fënnef Persoune sinn a Relatioun mam Covid-Virus gestuerwen, d’Altersmoyenne vun den Affer läit bei 74 Joer.Déi lescht Woch waren eng ronn 15.400 infizéiert Leit an der Isolatioun. 35 Prozent vun den Neiinfizéierten hu sech an der Famill ugestach, 13 Prozent bei engem Openthalt am Ausland an 8 Prozent am Fleege- a Gesondheetssecteur.Aktuell sinn eng 473.000 Leit komplett geimpft, wat engem Impftaux vu knapp 79 Prozent entsprécht.Den eelere Leit iwwer 80 Joer recommandéiert d’Santé jo en zweeten Booster. Dës 4. Dosis soll fréistens 4 Méint nom leschte Booster gesprëtzt ginn.