SantéInvitatioune fir 4. Impfung fir Leit iwwer 80 Joer ginn déi aner Woch eraus

Claude Zeimetz
D'Santé schéckt déi aner Woch Invitatiounen un d'Awunner iwwer 80 Joer eraus, fir sech eng véierte Kéier géint de Covid impfen ze loossen.
Impfzenteren
Wéinst dem wéinegen Zoulaf huet d’Santé decidéiert, just nach den Impfzenter an der Victor Hugo-Hal opzeloossen.

D’Konditioun derfir ass, datt déi lescht Impfung scho méi wéi 4 Méint hier ass.

Den zweete Booster, respektiv déi véiert Dosis, ass als zousätzleche Schutz vun der Europäescher Medikamentenagence an dem Lëtzebuerger Conseil Supérieur fir ustiechend Krankheete recommandéiert.

Eng 12.000 Leit gi vun der Santé ugeschriwwen, fir sech e Rendez-vous ze huelen.

Impfzenteren

Wann d‘Impfzenteren um Belval an zu Ettelbréck hir Dieren um Samschdeg um 13 Auer zoumaachen, kann ee sech just nach am grousse Stil an der Victor-Hugo-Hal géint de Coronavirus impfe loossen. Wéinst dem wéinegen Zoulaf huet d’Santé decidéiert just nach den Impfzenter an der Victor Hugo Hal op ze loossen. Op deenen anere Plazen géif sech den Opwand einfach net méi rentéieren, seet den Haut-Commissaire à la Protection Nationale Luc Feller am RTL-Interview.

Vun en Dënschdeg u fiert och nees den Impfbus eraus, fir déi wéineg, déi sech den Ament nach wëllen impfen loossen.

1,1 Millioune Sprëtze sinn an de leschte Méint an den Impfzentere gemaach ginn. Ma wann een d’Passagen d’lescht Woch héiert, da gëtt et engem séier kloer, datt d’Impfzenteren elo net méi gebraucht ginn. 200 Leit um Belval, 190 zu Ettelbréck. De gréissten Zoulaf hat d’Victor-Hugo-Hal mat 800 Covidimpfungen.

Nieft der Victor-Hugo-Hal kann ee sech vun der anerer Woch un och weider beim Dokter- där stinn der 300 op der Lëscht- oder an enger vun 50 Apdikten impfe loossen. Anescht wéi zejoert muss ee sech fir eng Impfung am Impfbus awer elo umellen.

Méi Infoen zu den Impfméiglechkeeten zu Lëtzebuerg gëtt et hei.

E puer Dausend Dosisse ewechgeheit

De Covidvaccin gëtt bei wäitem net méi all versprëtzt. E puer Dausend Dosissen hu missen ewechgehäit ginn, well se ofgelaf waren. Dat hätt een an deem Mooss net kënne virausgesinn. Et hätt probéiert, eng Rei Flaconen fir aner Länner ze spenden.

Donieft wier d’EU-Kommissioun a Verhandlungen mat de Produzenten, fir bestallt Vaccin zeréckzehalen an der Hoffnung, méi spéit dann och adaptéierten Impfstoff ze kréien.
Sollt et néideg sinn, wier een am Hierscht op alle Fall nees ganz séier, tëscht 4 a 6 Deeg, operationell an den Impfzenteren, betount de Luc Feller, deen awer hofft, datt et méi e rouegen Hierscht gëtt.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

«Impfbus» de nouveau en tournée à partir du 19 avril (15.04.2022)
Communiqué par : ministère d’État / ministère de la Santé

Après une courte pause pendant la saison hivernale, le bus de vaccination (Impfbus) va reprendre ses activités.

Voici les prochaines dates et lieux de l'«Impfbus»:

• le mardi 19.04.2022 de 12 à 18 heures: P+R Bouillon, Luxembourg-Ville
• le mercredi 20.04.2022 de 12 à 16 heures: Belle-Étoile Shopping Center, Bertrange
• le jeudi 21.04.2022 de 12 à 16 heures: Zone industrielle Cloche d’Or, Luxembourg-Ville

D’autres passages du «Impfbus on tour» seront communiqués sous peu sur www.impfen.lu.

À noter que la vaccination se fait sans rendez-vous (carte d’identité et carte CNS obligatoires). Le type de vaccination proposée est la primovaccination et le booster (dose de rappel).

Rappel: Fermeture de certains spots de vaccination à partir du 16 avril

Centres de vaccination Esch-Belval et Ettelbruck

• Les centres de vaccination Esch-Belval et Ettelbruck seront fermés à partir du samedi 16 avril 2022 à 13 heures.
«Pop-up» Vaccination

• Les pop-up des centres commerciaux seront fermés après le samedi 16 avril 2022.
• Le pop-up Gare centrale Luxembourg fermera ses portes après le vendredi 15 avril 2022.

La liste des centres de vaccination, des médecins et des pharmacies qui participent à la campagne de vaccination peut être consultée à partir du site web: www.impfen.lu.

Back to Top
CIM LOGO