Ried vum Premier Xavier BettelZukunft vun eisem Planéit: Mir mussen eis Astellung a Fro stellen

RTL Lëtzebuerg
D'Ried vum Premierminister um Virowend vun Nationalfeierdag. Um 19.30 Auer och op RTL Télé Lëtzebuerg an dono am Video op RTL.lu.
Ried vum Premier Xavier Bettel mat Gebäerdesprooch
De Premier geet op senger Ried fir Nationalfeierdag ënner anerem op d'Zukunft, d'Lutte géint de Klimawandel an op den Doud vum Grand-Duc Jean an.

An der traditioneller Usprooch um Virowend vu Nationalfeierdag huet de Premier Xavier Bettel gesot, dass et och den Dag wier, wou mer iwwert eis selwer nodenken.

Wat sinn d'Defien, a wéi kënne mer sécher stellen, dass och an Zukunft Fräiheet, Sécherheet, Wuelstand a Liewensqualitéit garantéiert bleiwen.

Extrait Xavier Bettel (1)

Et kéint een deemno mat grousser Zouversiicht no vir kucken, an dee  Wee weider goen.
Dat gëllt allerdéngs net wann et ëm d'Zukunft vun eisem Planéit géif goen...

Extrait Xavier Bettel (2)

Mat eisen europäesche Partner misst een den Drock weider héich halen, sou de Premier, an och weider héich halen, fir och déi Länner ze beweegen, déi nach méi Retizenz weisen.

De Xavier Bettel huet awer och un de Grand-Duc Jean erënnert, deen eis de 23. Abrëll fir ëmmer verlooss huet...

Extrait Xavier Bettel (3)

Et wier och eis Aufgab, sech ze wiere géint all Form vun Extremismus, dass mer net vergiessen, wou mer hierkommen a wou mer hiwëllen.

De Message vum Premier Xavier Bettel am Kader vum Nationalfeierdag 2019

Ried vum Premier Xavier Bettel

Dir Dammen an Dir Hären,

Léif Matbierger,

Eise Nationalfeierdag, dee mir muer um 23. Juni zesumme feieren, ass den Dag vun eiser Geschicht, et ass den Dag vun deem wat eis ausmécht a wat eis matenee verbënnt. Mir feieren eis Onofhängegkeet, eis Eegestännegkeet an eis Stäerkt als Land an der Mëtt vun Europa.

Mir weisen eis Verbonnenheet mat deenen, déi virun eis do waren a sech agesat hunn fir déi Wäerter, déi eis wichteg sinn. Mir sinn dankbar fir hiren Engagement an hire Courage an enger Zäit, wou näischt selbstverständlech an alles a Gefor war.

Et ass muer awer och den Dag, wou mer iwwer eis selwer nodenken an no vir kucken. Wat sinn d’Erausfuerderungen a wéi kënne mer sécher stellen, dass och an Zukunft Fräiheet, Sécherheet, Wuelstand a Liewensqualitéit garantéiert ass?

Déi nei Technologien hunn e groussen Afloss op eis Gesellschaft, op eist Liewen, op d’Aart a Weis, wéi mer schaffen a wéi mer matenee kommunizéieren. D’Welt ass méi enk unenee geréckelt an déi politesch an ekonomesch Verhältnisser hu sech verännert.

Mir stinn ouni Zweiwel viru groussen Erausfuerderungen. Mir hunn awer och déi beschten Ausgangsbasis, fir och déi Défie kënnen unzegoen an ze meeschteren. Lëtzebuerg ass wirtschaftlech gutt opgestallt, déi ëffentlech Finanze si gesond, eise Sozialsystem ass staark a mir gehéieren zu deene Länner, déi d’Nues fir hunn, grad an deene Beräicher, déi ëmmer méi wichteg ginn.

Mir kënnen deemno mat grousser Zouversiicht no vir kucken an dee Wee weidergoen, dee mer ageschloen hunn.

Dat gëllt net fir ee bestëmmte Beräich. Wann et em d’Zukunft vun eisem Planéit geet, musse mer eis Astellung a Fro stellen.

Déi jonk Leit, déi an de leschte Méint op d’Strooss gaange sinn, hu Recht, wa se drop opmierksam maachen, dass de Klimachangement déi wierklech grouss Aufgab vun eiser Zäit ass. Et ass net just eng Alarmanlag, wou mer op de Knäppchen drécken, fir se auszemaachen an da kënne mer nees berouegt schlofe goen.

Deen Alarm leeft aus enger Ursaach a mir mussen agéieren. D’Regierung hëlt dat ganz eescht a Lëtzebuerg gehéiert zu deene Länner, déi grouss Efforte maachen an ambitiéis virginn, wann en dorëms geet, déi schiedlech Emissiounen ze reduzéieren.

Virun allem awer musse mer op internationalem Plang nach méi aktiv ginn - an och do Alarm schloen. Mir kënnen déi global Klimakris nëmme global meeschteren a Lëtzebuerg war, ass a bleift eng vun deene Stëmmen, déi haart no méi Ambitioun freet. Mat eisen europäesche Partner musse mer den Drock héich halen an och weider erhéijen, fir déi Länner ze beweegen, déi an dëser Fro méi Retizenz weisen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Erlaabt mer haut och un eise Grand-Duc Jean ze erënneren, deen eis op Ouschterméindeg fir ëmmer verlooss huet. Hie war e Mënsch, un deem mer eis konnten orientéieren. Seng Disziplin, Bestännegkeet, säi Courage a seng Loyautéit zu deene Wäerter, déi eis matenee verbannen, maachen hien zu engem wierkleche Virbild.

Mir vermëssen de Grand-Duc Jean an dee Verloscht wäert eis nach laang begleeden. Gläichzäiteg huet hien eis eng Verantwortung iwwerlooss an et ass un eis, fir sech haut derfir anzesetzen, dass Solidaritéit, Toleranz, Respekt vis-à-vis vu Mënsch an Natur och weiderhin zu Lëtzebuerg Bestand hunn.

Et ass eis Aufgab, dass mer eis wiere géint all Form vun Extremismus, dass mer net vergiessen, wou mer hierkommen an wou mer hiwëllen.

Cher concitoyens,

La richesse de notre pays ne se mesure pas uniquement en termes économiques – au contraire : Elle dépasse même le patrimoine historique, culturel et naturel – aussi vaste qu’il soit. La richesse du Luxembourg réside dans l’ouverture de notre société; Dans le fait que nous sommes un pays généreux, multilingue, cosmopolite et inclusif.

Notre capital, notre force, c’est chaque femme, chaque homme résidant ou travaillant au Luxembourg. Avec son identité, son expérience et son mode de vivre, chaque citoyen - comme une pièce de puzzle – apporte sa valeur à l’ensemble. Chacun a son rôle à jouer. Et ensemble nous formons une image complète.

Ech wënschen Iech a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech wichteg sinn.

Vive eise Grand-Duc, vive eis Grande-Duchesse an Vive eist Land.

Back to Top
CIM LOGO