Net op MonnerechZukünfteg Policeschoul kënnt op de Verluerekascht

RTL Lëtzebuerg
Dat war e Constat e Méindeg de Moien no enger gemeinsamer Sëtzung vun den zoustännege Chamberkommissiounen.
© Police / Brücker Andy

Accord Police / Reportage Eric Ewald

D'Police muss a wäert Leit bäikréien: Dat war e Constat e Méindeg de Moien no enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberkommissioune vun der Fonction publique a vun der bannenzeger Sécherheet an der Verdeedegung. Bis Enn Juli wëll de Policeminister François Bausch e Recrutementsplang fir déi nächst Jore stoen hunn. Konkret Chiffere gouf et e Méindeg nach keng, wat vun den Deputéierten e bësse bedauert gouf. Fir de Rescht stinn d'Membere vun den zwou Kommissiounen dem rezenten Accord iwwert d'Schaff- a Rouzäite bei der Police positiv géintiwwer.

Donieft war nach gewuer ze ginn, dass déi zukünfteg Policeschoul awer net op Monnerech, mä op de Verluerekascht soll kommen, wuel zesumme mam Policemusée.

Back to Top
CIM LOGO