
E Samschdeg am Nomëtteg goufen der Police zwou Persounen an der Lëtzebuerger Strooss zu Bartreng gemellt, déi do an en Haus agebrach waren. Déi eng presuméiert Täterin konnt op der Plaz gestallt ginn. Si gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter. Déi zweet presuméiert Täterin ass geflücht.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf dann nach an der Rue Munchen-Tesch an der Stad agebrach. De presuméierten Täter gouf op der Plaz gestallt a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
Da krut d’Police zwee weider Abréch zu Beetebuerg a zu Esch-Lalleng gemellt. An der Rue de l’école zu Beetebuerg waren déi Onéierlech iwwert eng Fënster an en Haus agebrach. D’Raim goufen duerchsicht. D’Täter sinn duerno an onbekannt Richtung geflücht.
Och an der Rue de la Colline zu Esch-Lalleng ass den Täter iwwert eng Fënster an en Haus agebrach. Och hei goufen d’Raim duerchsicht, ier de Mann geflücht ass.
D’Enquête vun der Police leeft.
D’Police verweist op hir Rotschléi, fir sech virun Abréch ze schützen.
Zu Schëffleng gouf dann e Samschdeg de Moien an en Auto agebrach, deen net zougespaart war. Aus engem Portmonni goufe Kreditkaarte geklaut.
Och hei mécht d’Police den Appell, datt ee säi Gefier ëmmer soll zouspären an ee keng Wäertsaache soll am Auto leie loossen.