
Géint 19:15 Auer krute sech zu Dikrech an der Rue Guillaume zwee Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf verwonnt. D'Rettungsservicer Nordstad waren am Asaz.
Méi spéit, kuerz virun 21 Auer, koum et zu Hiefenech zu engem Accident mat engem Auto. Och hei ass ee Blesséierten ze kloen. D'Pompjeeë vun Hiefenech an d'Ambulanz aus der Fiels goufe geruff.