PoliceZwee alkoholiséiert Chauffere gestoppt a Permis ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet an der Nuecht op e Sonndeg engem Automobilist de Permis ofgeholl, well hien net ze séier ënnerwee war. Hien hat och gedronk.
© RTL Archivbild

De Mann hat fir d’éischt op de Gas gedréckt an ass dono mat héijer Vitesse iwwert de Boulevard Royal gefuer. D’Policepatrull wollt den Automobilist kontrolléieren, hie konnt awer réischt am Garer Quartier no enger Poursuite gestoppt ginn. En Alkoholtest war positiv an de Permis war fort.

En zweete Chauffer huet nach de Führerschäin verluer, och hie war alkoholiséiert duerch d’Stad gefuer.

Back to Top
CIM LOGO