Tëscht Roudemer an EeschwellerZwee Autoe krute sech ze paken - 2 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Zwee Blesséierter gouf et an engem Accident e Méindeg den Owend géint 18.40 Auer tëscht Roudemer an Eeschweller.

Zwee Autoen hate sech ze pake krut. Op der Plaz waren d'Secouriste vu Jonglënster.

Kuerz no 3 Auer an der Nuecht op en Dënschdeg goufen d'Pompjeeën an d'Rue Dicks op d'Stater Gare geruff. Hei gouf et ee Kichebrand. Wéi de CGDIS den Dënschdeg de Moie mellt, wier kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO