CGDIS mellt BlesséierterZwee Autoen hu sech bannent zwou Stonnen op der A13 iwwerschloen

Samantha Weber
D'Rettungsdéngschter vum CGDIS goufe vun e Mëttwoch op en Donneschdeg op dräi Accidenter mat am Ganzen dräi Blesséierte geruff.
© Laurent Weber

Kuerz virun 18 Auer gouf bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoen zu Miersch eng Persoun verwonnt. Ëm de Blesséierte gekëmmert hu sech d'Ambulanciere vu Miersch souwéi d'Pompjeeë vu Miersch a vu Fëschbech.

An der Nuecht gouf et iwwerdeem zwee Asätz op der A13, bei deem d'Autoe sech iwwerschloe hunn.

Een éischten Auto war géint 00:20 Auer op der Héicht tëscht Helleng a Fréiseng accidentéiert, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vun Diddeleng an d'Pompjeeë vun Diddeleng a Fréiseng.

E weidere Blesséierte gouf et da kuerz virun 2 Auer op der Héicht tëscht Fréiseng an Altwis. Hei waren nach emol d'Ambulanciere vun Diddeleng um Asatz, zesumme mat de Pompjeeë vu Fréiseng a vu Beetebuerg.

Back to Top
CIM LOGO